Skip to main content

SIB - SYNDICAT D'INITIATIVE BURMERANGE

President vum SIB - Georges LAUX

Léif Frënn vum Syndicat d’Initiative Boermereng,

An de Joren virun 2000 hunn e puer engagéiert Leit mat der Ënnerstëtzung vum Boermerenger Gemengerot sech gesot: Mir mussen e grousst Fest an der Gemeng Boermereng initiéieren, wéi eis Nopesch-Gemeng Schengen, déi d’Pinotfest huet, an déi Welleschter Gemeng, wou d’Kiermes Traditioun ass. De 25. September 2000 war et dunn souwäit, d’Statuten sinn ënnerschriwwe ginn an de Syndicat d’Initiative Boermereng (SIB) war gebuer. 2001 ass deen éischte BLUMMENTREFF zu Elweng bei der Primärschoul ofgehale ginn, mat Succès.

Motivatioun war do an d’Leit am Comité begeeschtert fir aus deem éischte Blummentreff ze léieren an en ze verbesseren. Dunn war d’Decisioun geholl gi fir de BLUMMENTREFF op Boermereng ze verleeën, den Haaptgrond war d‘Infrastruktur ronderëm de COMICE.

De SIB huet an de Joren duerno gekuckt fir all de Veräiner et méi liicht ze maachen, andeem all Joer Material ugeschaaft ginn ass fir d’Aarbecht ze erliichteren.

Fir de BLUMMENTREFF huet missen en Undenken un déi verschidden Editiounen entstoen, a wéi kéint een dat besser wéi mat enger Maus vu Boermereng…

Well Kollegialitéit am Comité bestanen huet, si weider Aktivitéiten dobäi komm, wéi Mulleniesssen, Choucroutesiesssen, Blummeplanzen an der Gemeng an och d‘Iddi fir Trëppelweeër ze markéieren. Spontan hu Comitésmemberen Weeër ofgetrëppelt, um Plang festgehal an mat Eechenholz Markéierungen gesat.

De SIB huet sech an all de Joren weiderentwéckelt, d‘Gemeng ass méi grouss ginn an den Ureiz fir an engem Syndicat ze hëllefen ass nach ëmmer sou grouss wéi am Ufank, just mat anere Viraussetzungen.

2023 ass et elo souwäit, de SIB organiséiert a feiert mat Stolz säin 20te BLUMMENTREFF mat der Ënnerstëtzung vun de Veräiner a private Leit.

Et ass mir eng grouss Éier President vum Syndicat ze sinn mat dem Comité deen tatkräfteg mat upaakt a weess: Zesumme kënne mir villes beweegen an ëmsetzen.

Georges LAUX
President vum SIB

Aktuellen SIB - Comité

President
Georges LAUX
Vizepresident
Mäx FLOERCHINGER
Sekretär
Alain REINERT
Tresorier
Gilles ESTGEN
Kora BONIFAS
Julia CRESSWELL
Lis D'ANTONIO
Sandra FRISCH
Kevin MAJERUS
Francis MANDERSCHEID
Sandy MULLER
Jérôme PAULIN
Sara RAMPIN