Skip to main content

TÉLÉVIE CHARITY LUNCH - CHEFKACH

Christophe LEQUY

Restaurant-Brasserie Amarcord

De Christophe LEQUY war bal 15 Joer Gerant a Chefkach vum AMARCORD, de Restaurant am Kulturzentrum “Op der Schmelz”. De Restaurant huet, zäitgläich mam Kulturzentrum, am Joer 2007 seng Dieren opgemaach.

Nodeems hien iwwer 30 Joer zu Diddeleng als Gastronom aktiv war, war dunn awer Enn Dezember 2022 d’Ära Lequy am Restaurant Amarcord erriwer, an de Christophe Lequy huet den Zepter un de Rafael Oliveira iwwerginn.

„Et war eng ganz intensiv, awer och eng wonnerschéin Zäit“, erënnert sech de Christophe Lequy. Eng Zäit déi hien a villen Hisiichten gepräägt huet. Seng trei Clientèle, déi gutt Bezéiungen zu deene villen Diddelenger Veräiner, seng ausgezeechent Zesummenaarbecht mam Kulturzentrum, der regionaler Musekschoul, der Gemengeverwaltung an natierlech och déi perfekt Zesummenaarbecht mat sengem Personal, ouni déi deen zolitte Aarbechtspensum net ze packen gewiescht wier.

So ganz opgehalen mat der Restauratioun huet de Christophe Lequy allerdéngs net. Nieft der “Snack Bar” déi hien nach säit 2020 am Parc Emile Mayrisch zu Diddeleng mat senger Schwëster bedriwwen huet, bitt hien säit enger gewëssen Zäit en Traiteur-Service un, wou hien och schonn bei enger ganzer Rei Evenementer uechtert d’Land säi Kënnen ënner Beweis stelle konnt.

Kommt de 2. Mäerz op eisen Télévie Charity Lunch a loosst iech vun eisem Chefkach verwinnen.